Diese Website verwendet Cookies. Cookies helfen uns bei der Bereitstellung unserer Dienste. Durch die Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies setzen. Bei uns sind Ihre Daten sicher. Wir geben keine Ihrer Analyse- oder Kontaktdaten an Dritte weiter! Weiterführende Informationen erhalten Sie in der Datenschutzerklärung.
Een éischte Pressecommuniqué vun der Marche blanche
Zu Lëtzebuerg sinn vill Bierger bei der Marche blanche silencieuse vereent op d'Strooss gaangen. D'Organisateuren vun der Marche hunn dofir hiert Bedenken a Form vun engem Pressecommuniqué presentéiert. [weiterlesen]
Dir kënnt d'Charta vun der Marche Blanche Silencieuse hei ënnen eroflueden
Zu Lëtzebuerg sinn vill Bierger bei der Marche blanche silencieuse vereent op d'Strooss gaangen an hunn esou hire Protest géint déi disproportionéiert Covid-Mesuren vun der Regierung an déi entstanen Spaltung an der Gesellschaft ausgedréckt. Dëst huet Wellen geschloen an e kloert Signal gesat, esou dass d'Leit an den Nopeschlänner ugefaange hunn dat ze imitéieren. Zu Metz, Tréier, an Arel gëtt et elo och eng Marche Blanche Silencieuse.
Wéinst der grousser Zuel vun Participanten un der Marche blanche silencieuse konnten d'Medien net näischt soen mee waren gezwongen doriwwer ze beriichten. Leider ass dat ëmmer erëm op eng verhaassten Manéier geschitt, wou déi roueg Marche an e falscht Liicht gestallt ginn ass.
D'Organisateuren vun der Marche hunn dofir hiert Bedenken a Form vun engem Pressecommuniqué presentéiert. Opgrond vun der Berichterstattung bis elo, kann een dovun ausgoen, datt d'Medien dëse Pressecommuniqué net oder net ganz publizéieren wäerten.
Mir vun Kla.TV wëllen dëser wichteger Géigestëmm d'Méiglechkeet ginn gehéiert ze ginn a weisen déi ongekierzte Pressematdeelung vun der Marche Blanche Silencieuse zu Lëtzebuerg.
D'Marche Blanche Silencieuse
ass zu Lëtzebuerg aus engem spontanen Treffen vu Leit mat deene verschiddensten Hannergrënn entstanenen. Dëss Leit, mir, hunn eis vereenegt an eisen Differenzen, onofhängeg vun eisem sozialen, kulturellen oder reliéisem Hannergrond, an datt fir eis grouss Onrou iwwert eng ongerecht, inkoherent an absurd Regierungspolitik auszedrécken.
Mir wëllen eist Leed an eisen Desaccord friddlech ausdrécken.
Mir refuséieren déi aktuell sanitär Trennungen an déi programméiert Zerstéierung vu Wirtschaft, Gesellschaft a Famill.
Mir hunn an engem Rechtsstaat gelieft, mä ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris goufen a ginn eis fundamental Rechter a Fräiheeten verletzt, ouni datt en effektiven Recours iwwert den juristesche Wee méiglech wier.
Mir hunn d'Vertrieder vum Vollek, déi elo am Parlament setzen gewielt fir dat si de Programm anhalen deen per Vott vum Bierger validéiert gouf.
Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris huet d'Regierung an hir parlamentaresch Majoritéit déi konstitutionell Wäerter, Fräiheeten a Rechter, déi op d'Käschte vum Blutt vun eise Virfahren erkämpft goufen, zerstéiert. Si sinn vun hire Funktiounen a Verantwortung zréckgetrueden andeems se d'Politik vun der Europäescher Kommissioun validéiert hunn déi net vun de Bierger gewielt ginn ass, am Géigesaz zum Europäesche Parlament.
Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris kruten eis Dokteren verbueden verschidden Patienten ze behandelen, verbueden méintelaang hire Beruff auszeüben an dat well eng Aschränkung vun hirem Recht Medikamenter an Therapie'en ze verschreiwen hinnen imposéiert ginn ass.
Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris ass d'Awëllegung fir ee medezineschen Akt, deen duerch international Verträg garantéiert ass, de Bierger konfiskéiert ginn. Si hu keng loyal a komplett Informatiounen kritt déi am Aklang mat den Donnéeën vun der Wëssenschaft sinn, fir dorops hin kennen hir Awëllegung zu enger Impfung ze ginn. Dobäi sinn déi klinesch Studien fir des Impfung eréischt an engem Joer ofgeschloss.
Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris an am Géigesaz zou den traditionellen humanistesche Wäerter, ginn d'Kanner geaffert fir hypokritesch eis eeler Leit ze retten. Dësen Uerder eis Kanner ze impfen fir déi eeler Leit ze retten ass onwierdeg an weist wéi d'Wäerter verdréint ginn: Kanner musse vun den Erwuessenen geschützt ginn an net ëmgedréit!
Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris a mat der Press als Kompliz, gëtt den offenen Discours mat de Bierger iwwert déi geholle Moossnamen an de wëssenschaftlechen Debatt ënnerbonnen an dat, well e puer Leit dat net wëllen. D'Mesuren, déi fir d'Gestioun vum Covid geholl goufen, sinn wëssenschaftlech a Fro gestallt.
Mir si verantwortlech Mënschen, déi demokratesch Wäerter a Respekt virum Gesetz hunn, déi sech enger sozialer Kohesioun bewosst sinn. Dëst waren ëmmer d'Wäerter vun eisem Land.Mir probéieren d'Spaltung vun der Gesellschaft ze stoppen andeems mir sozial Bezéiungen nei schaffen.
Haut verstinn mir datt d'Impfung als Virwand gedéngt huet fir e permanent Kontrollinstrument (Type QR Code ) opzebauen, fir dann aner net-ethesch an net-medezinesch Interessen ze déngen, - ënner anerem - waren e puer vun deenen virun der „Pandemie“ vun der Europäescher Kommissioun virgesinn.
Mir appelléieren also un d'Bierger, well mir fräi a souverän Fraen a Männer sinn.
Kommt an trefft d'Participanten vun der Marche blanche silencieuse. Dir wäert gesinn datt se weder Verschwörer sinn déi een belächelen muss, nach Impfgéigner fir ze zenséieren, a keng veruechte Race déi een kategoriséieren muss.
Kommt op déi 5. Marche Blanche Silencieuse, dëse Freideg, den 12. November 2021.
Den Depart ass um 19.00 Auer virun der Philharmonie um Kierchbierg.
D'Streck ass déi selwecht wéi bei der 4. MBS.
D'Arrivée ass virun der Stater Gemeng, op der Place Guillaume (Knuedler) geplangt. D'Marche gëtt ofgeschloss mat enger musikalescher Iwwerraschung.
Well d'Zuel vun de Participanten bei all Marche Blanche Silencieuse eropgeet, gëtt d'Sécherheet vu Sécherheetsagenten a vun eiser Police Grand-Ducale assuréiert. Mir soen hinnen e grousse Merci fir hir Zesummenaarbecht an hiert Verständnis.
La Marche Blanche Silencieuse zu Lëtzebuerg (MBS)
Lëtzebuerg, den 10. November 2021
mbs.info.contact@gmail.com
von
tz.
Quellen/Links: Film und Bild von Mim’s Freiheit - Alternativ Media
*Musik: „Light“ von David Ianni *
Dir kënnt d'Charta vun der Marche blanche silencieuse hei ënnen eroflueden.
Een éischte Pressecommuniqué vun der Marche blanche
Sendung und Zubehör in der gewünschten Qualität herunterladen:
11.11.2021 | www.kla.tv/20521
Zu Lëtzebuerg sinn vill Bierger bei der Marche blanche silencieuse vereent op d'Strooss gaangen an hunn esou hire Protest géint déi disproportionéiert Covid-Mesuren vun der Regierung an déi entstanen Spaltung an der Gesellschaft ausgedréckt. Dëst huet Wellen geschloen an e kloert Signal gesat, esou dass d'Leit an den Nopeschlänner ugefaange hunn dat ze imitéieren. Zu Metz, Tréier, an Arel gëtt et elo och eng Marche Blanche Silencieuse. Wéinst der grousser Zuel vun Participanten un der Marche blanche silencieuse konnten d'Medien net näischt soen mee waren gezwongen doriwwer ze beriichten. Leider ass dat ëmmer erëm op eng verhaassten Manéier geschitt, wou déi roueg Marche an e falscht Liicht gestallt ginn ass. D'Organisateuren vun der Marche hunn dofir hiert Bedenken a Form vun engem Pressecommuniqué presentéiert. Opgrond vun der Berichterstattung bis elo, kann een dovun ausgoen, datt d'Medien dëse Pressecommuniqué net oder net ganz publizéieren wäerten. Mir vun Kla.TV wëllen dëser wichteger Géigestëmm d'Méiglechkeet ginn gehéiert ze ginn a weisen déi ongekierzte Pressematdeelung vun der Marche Blanche Silencieuse zu Lëtzebuerg. D'Marche Blanche Silencieuse ass zu Lëtzebuerg aus engem spontanen Treffen vu Leit mat deene verschiddensten Hannergrënn entstanenen. Dëss Leit, mir, hunn eis vereenegt an eisen Differenzen, onofhängeg vun eisem sozialen, kulturellen oder reliéisem Hannergrond, an datt fir eis grouss Onrou iwwert eng ongerecht, inkoherent an absurd Regierungspolitik auszedrécken. Mir wëllen eist Leed an eisen Desaccord friddlech ausdrécken. Mir refuséieren déi aktuell sanitär Trennungen an déi programméiert Zerstéierung vu Wirtschaft, Gesellschaft a Famill. Mir hunn an engem Rechtsstaat gelieft, mä ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris goufen a ginn eis fundamental Rechter a Fräiheeten verletzt, ouni datt en effektiven Recours iwwert den juristesche Wee méiglech wier. Mir hunn d'Vertrieder vum Vollek, déi elo am Parlament setzen gewielt fir dat si de Programm anhalen deen per Vott vum Bierger validéiert gouf. Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris huet d'Regierung an hir parlamentaresch Majoritéit déi konstitutionell Wäerter, Fräiheeten a Rechter, déi op d'Käschte vum Blutt vun eise Virfahren erkämpft goufen, zerstéiert. Si sinn vun hire Funktiounen a Verantwortung zréckgetrueden andeems se d'Politik vun der Europäescher Kommissioun validéiert hunn déi net vun de Bierger gewielt ginn ass, am Géigesaz zum Europäesche Parlament. Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris kruten eis Dokteren verbueden verschidden Patienten ze behandelen, verbueden méintelaang hire Beruff auszeüben an dat well eng Aschränkung vun hirem Recht Medikamenter an Therapie'en ze verschreiwen hinnen imposéiert ginn ass. Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris ass d'Awëllegung fir ee medezineschen Akt, deen duerch international Verträg garantéiert ass, de Bierger konfiskéiert ginn. Si hu keng loyal a komplett Informatiounen kritt déi am Aklang mat den Donnéeën vun der Wëssenschaft sinn, fir dorops hin kennen hir Awëllegung zu enger Impfung ze ginn. Dobäi sinn déi klinesch Studien fir des Impfung eréischt an engem Joer ofgeschloss. Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris an am Géigesaz zou den traditionellen humanistesche Wäerter, ginn d'Kanner geaffert fir hypokritesch eis eeler Leit ze retten. Dësen Uerder eis Kanner ze impfen fir déi eeler Leit ze retten ass onwierdeg an weist wéi d'Wäerter verdréint ginn: Kanner musse vun den Erwuessenen geschützt ginn an net ëmgedréit! Ënnert dem Virwand vun enger Gesondheetskris a mat der Press als Kompliz, gëtt den offenen Discours mat de Bierger iwwert déi geholle Moossnamen an de wëssenschaftlechen Debatt ënnerbonnen an dat, well e puer Leit dat net wëllen. D'Mesuren, déi fir d'Gestioun vum Covid geholl goufen, sinn wëssenschaftlech a Fro gestallt. Mir si verantwortlech Mënschen, déi demokratesch Wäerter a Respekt virum Gesetz hunn, déi sech enger sozialer Kohesioun bewosst sinn. Dëst waren ëmmer d'Wäerter vun eisem Land.Mir probéieren d'Spaltung vun der Gesellschaft ze stoppen andeems mir sozial Bezéiungen nei schaffen. Haut verstinn mir datt d'Impfung als Virwand gedéngt huet fir e permanent Kontrollinstrument (Type QR Code ) opzebauen, fir dann aner net-ethesch an net-medezinesch Interessen ze déngen, - ënner anerem - waren e puer vun deenen virun der „Pandemie“ vun der Europäescher Kommissioun virgesinn. Mir appelléieren also un d'Bierger, well mir fräi a souverän Fraen a Männer sinn. Kommt an trefft d'Participanten vun der Marche blanche silencieuse. Dir wäert gesinn datt se weder Verschwörer sinn déi een belächelen muss, nach Impfgéigner fir ze zenséieren, a keng veruechte Race déi een kategoriséieren muss. Kommt op déi 5. Marche Blanche Silencieuse, dëse Freideg, den 12. November 2021. Den Depart ass um 19.00 Auer virun der Philharmonie um Kierchbierg. D'Streck ass déi selwecht wéi bei der 4. MBS. D'Arrivée ass virun der Stater Gemeng, op der Place Guillaume (Knuedler) geplangt. D'Marche gëtt ofgeschloss mat enger musikalescher Iwwerraschung. Well d'Zuel vun de Participanten bei all Marche Blanche Silencieuse eropgeet, gëtt d'Sécherheet vu Sécherheetsagenten a vun eiser Police Grand-Ducale assuréiert. Mir soen hinnen e grousse Merci fir hir Zesummenaarbecht an hiert Verständnis. La Marche Blanche Silencieuse zu Lëtzebuerg (MBS) Lëtzebuerg, den 10. November 2021 mbs.info.contact@gmail.com
von tz.