Diese Website verwendet Cookies. Cookies helfen uns bei der Bereitstellung unserer Dienste. Durch die Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies setzen. Bei uns sind Ihre Daten sicher. Wir geben keine Ihrer Analyse- oder Kontaktdaten an Dritte weiter! Weiterführende Informationen erhalten Sie in der Datenschutzerklärung.
Éischten Doudegen Dag – Lëtzebuerger wieren sech géint den Impfdrock
De Kollektiv Lux-Reagir huet fir den 17. Januar 2022 wéinst dem Impfdrock deen ëmmer méi zou hellt zu Lëtzebuerg, deen éischten doudegen Dag ausgeruff. Firwat an mat wéi engem Ziel – dat gitt dir hei an der Sendung gewuer.[weiterlesen]
Zu Lëtzebuerg mëscht d'Regierung ëmmer méi Drock op d'Bierger fir dassen si sech impfen loossen. Mat den Anti-Covid Gesetzer vum 16. Dezember a vum 24. Dezember 2021 goufen 2G an 2G + fir Net-Geboosteter am Fräizäitberäich an an der Gastronomie agefouert. Op der Aarbechtsplaz gëllt 3G-Regel. D'Regierung iwwerleet schonn iwwert d'Aféierung vun enger allgemenger obligatorescher Impfung. Mëtt Januar soll doriwwer diskutéiert ginn. Well een sech Suerge mëscht dass dës Moossnamen ëmmer méi géint Fundamentalfräiheeten an d'Biergerfräiheeten verstoussen, huet sech de Kollektiv „LUX-REAGIR“ gegrënnt. Si sichen no Weeër, wéi d’Lëtzebuerger Regierung beweegt ka ginn, déi ageschloen Richtung zu engem totalitäre Staat ze verloossen. Si hunn dofir den 17. Januar als éischten „Doudegedag“ zu Lëtzebuerg ausgeruff, wou daat ganzt ëffentlecht Liewen stëll steet. D'Bierger sollen net op d'Aarbecht oder an de Buttek goen fir géint dess Mesuren ze protestéieren, si soen einfach: bleift doheem! Wat de Kollektiv "LUX-REAGIR" zu dësem Opruff beweegt, kënnt Dir lo aus hirem Video gewuer ginn:
LUX-REAGIR
17. Januar 2022: Éischten « Doudegen Dag » zu Lëtzebuerg!
De Kollektiv LUX-REAGIR mécht sech grouss Suergen, dass déi individuell a
kollektiv Fräiheeten, déi d’Lëtzebuergesch Verfassung an den Titel I, Artikel 3 vun
der Charta vun de Grondrechter an der Europäescher Unioun (*) am Beräich
Biologie a Medezin garantéieren, duerch d‘anti-Covid19-Gesetz vum 16.
Dezember 2021 engersäits diskriminéiert a géint d’Konstitutioun ass (Art. 10bis
vun der Konstitutioun) , an anerersäits déi fräi Entscheedung , besonnesch déi
vun de Kanner, déi an der Charta vun de Grondrechter festgeluecht ass, verletzt.
Aus deem Grond:
Maachen mir ons grouss Suergen ëm ons Kanner hei zu Lëtzebuerg, an Europa
an op der ganzer Welt.
Mir appelléieren dowéinst un all Persounen, déi e Beruff ausüben an déi
dësen indispensabele Wäerter, déi net z’ëmgoe sinn, zoustëmmen, de Méindeg,
17. Januar 2022, DOHEEM ZE BLEIWEN.
Dësen éischte lëtzebuergeschen « Doudegen Dag » an allen
Aktivitéitsberäicher, soll d‘Regierung drun erënneren, dass all Muecht vum
Vollek ausgeet an net vun de Gewielten oder vun “Eliten”.
All Geimpft wéi Net-Geimpft si betraff, well:
1) Kanner kënne keng fräi a rechtskräfteg Decisiounen huelen, an
trotzdeem probéiert d‘Regierung, ons no an no zu enger obligatorescher
Impfung ze bréngen;
2) De “Vaccin“ ass och haut nach an enger experimenteller Phas an
d‘Regierung erkläre nët, wien da veräntwerlech gemaach ka ginn, wann et
zu Niewewierkungen no sou enger Impfung kënnt;
3) D’Lëscht vun den Inhaltsstoffer am “Vaccin“ ass bis haut net publizéiert
ginn. Näischt weist drop hin, dass de Vaccin net geféierlech Substanzen
enthält, déi der Gesondheet schueden;
4) De Generaldirekter vun der OMS huet ëffentlech erkläert (**), dass e
Projet fir de mënschleche Genom ze veränneren, fir domat “d’Gesondheet
vum Vollek ze verbesseren“, geplangt ass.
Mir widderhuelen onsen Appell, de Verstouss géint eng fräi Entscheedung fir
eng Impfung. a speziell fir d‘Kanner, direkt ze stoppen.
D’Liewen zu Lëtzebuerg soll de 17. Januar 2022 “stoe bleiwen“. Domat wëlle mer
d‘Regierung dozou opruffen, sech zu engem Dialog bereet ze stellen.
Dësen “Doudegen Dag” zu Lëtzebuerg soll déi lëtzebuergesch Regierung dozou
bréngen, hiert rezent “anti-Covid19”-Gesetz zeréck ze zéien – doduerch
géinge soss nach méi Mënsche gezwonge gi sech impfen ze loossen, aus
Angscht hir Aarbechtsplaz ze verléieren a sozial isoléiert ze ginn.
BLEIFT DOHEEM de 17. Januar 2022 (***):
• Fir dass tëschent Geimpften an Net-Geimpften nees Eenegkeet kann
entstoen, déi amgaang ass duerch déi aktuell Gesondheetspolitik mat der
2G-Reegelung (geimpft oder geheelt) an der 3G-Reegelung (all 24 Stonnen
en Test bezuelen fir d’Aarbecht), nach weider zerstéiert ze ginn.
• Fir dass mer all zesummen ons Kanner schütze kennen. Et gëtt keen
objektive Grond, Kanner ze impfen;
• Fir der Demokratie an der Verfassung, déi duerch d‘Decisioune vun der
Regierung mat totalitärer Tendenz a Gefor bruecht gi sinn, nees e Sënn ze
ginn.
Mir stinn op, fir onst Recht op eng fräiwëlleg Zoustëmmung a fir ons
Grondrechter zu Lëtzebuerg ze verdeedegen!
De Kollektiv LUX-REAGIR
Kontakt: lux.reagir@gmail.com
(*) https://www.liguedh.be/charte-droitsfondamentauxunioneuropeenne
(**) https://www.who.int/fr/news/item/12-07-2021-who-issues-new-
recommendations-on-human-genome-editing-for-the-advancement-of-public-
health
(***) andeems Dir Är legal Dispositiounen trefft: Congé, Employeur
informéieren, asw.
06.01.2022 | www.kla.tv/21223
Zu Lëtzebuerg mëscht d'Regierung ëmmer méi Drock op d'Bierger fir dassen si sech impfen loossen. Mat den Anti-Covid Gesetzer vum 16. Dezember a vum 24. Dezember 2021 goufen 2G an 2G + fir Net-Geboosteter am Fräizäitberäich an an der Gastronomie agefouert. Op der Aarbechtsplaz gëllt 3G-Regel. D'Regierung iwwerleet schonn iwwert d'Aféierung vun enger allgemenger obligatorescher Impfung. Mëtt Januar soll doriwwer diskutéiert ginn. Well een sech Suerge mëscht dass dës Moossnamen ëmmer méi géint Fundamentalfräiheeten an d'Biergerfräiheeten verstoussen, huet sech de Kollektiv „LUX-REAGIR“ gegrënnt. Si sichen no Weeër, wéi d’Lëtzebuerger Regierung beweegt ka ginn, déi ageschloen Richtung zu engem totalitäre Staat ze verloossen. Si hunn dofir den 17. Januar als éischten „Doudegedag“ zu Lëtzebuerg ausgeruff, wou daat ganzt ëffentlecht Liewen stëll steet. D'Bierger sollen net op d'Aarbecht oder an de Buttek goen fir géint dess Mesuren ze protestéieren, si soen einfach: bleift doheem! Wat de Kollektiv "LUX-REAGIR" zu dësem Opruff beweegt, kënnt Dir lo aus hirem Video gewuer ginn: LUX-REAGIR 17. Januar 2022: Éischten « Doudegen Dag » zu Lëtzebuerg! De Kollektiv LUX-REAGIR mécht sech grouss Suergen, dass déi individuell a kollektiv Fräiheeten, déi d’Lëtzebuergesch Verfassung an den Titel I, Artikel 3 vun der Charta vun de Grondrechter an der Europäescher Unioun (*) am Beräich Biologie a Medezin garantéieren, duerch d‘anti-Covid19-Gesetz vum 16. Dezember 2021 engersäits diskriminéiert a géint d’Konstitutioun ass (Art. 10bis vun der Konstitutioun) , an anerersäits déi fräi Entscheedung , besonnesch déi vun de Kanner, déi an der Charta vun de Grondrechter festgeluecht ass, verletzt. Aus deem Grond: Maachen mir ons grouss Suergen ëm ons Kanner hei zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt. Mir appelléieren dowéinst un all Persounen, déi e Beruff ausüben an déi dësen indispensabele Wäerter, déi net z’ëmgoe sinn, zoustëmmen, de Méindeg, 17. Januar 2022, DOHEEM ZE BLEIWEN. Dësen éischte lëtzebuergeschen « Doudegen Dag » an allen Aktivitéitsberäicher, soll d‘Regierung drun erënneren, dass all Muecht vum Vollek ausgeet an net vun de Gewielten oder vun “Eliten”. All Geimpft wéi Net-Geimpft si betraff, well: 1) Kanner kënne keng fräi a rechtskräfteg Decisiounen huelen, an trotzdeem probéiert d‘Regierung, ons no an no zu enger obligatorescher Impfung ze bréngen; 2) De “Vaccin“ ass och haut nach an enger experimenteller Phas an d‘Regierung erkläre nët, wien da veräntwerlech gemaach ka ginn, wann et zu Niewewierkungen no sou enger Impfung kënnt; 3) D’Lëscht vun den Inhaltsstoffer am “Vaccin“ ass bis haut net publizéiert ginn. Näischt weist drop hin, dass de Vaccin net geféierlech Substanzen enthält, déi der Gesondheet schueden; 4) De Generaldirekter vun der OMS huet ëffentlech erkläert (**), dass e Projet fir de mënschleche Genom ze veränneren, fir domat “d’Gesondheet vum Vollek ze verbesseren“, geplangt ass. Mir widderhuelen onsen Appell, de Verstouss géint eng fräi Entscheedung fir eng Impfung. a speziell fir d‘Kanner, direkt ze stoppen. D’Liewen zu Lëtzebuerg soll de 17. Januar 2022 “stoe bleiwen“. Domat wëlle mer d‘Regierung dozou opruffen, sech zu engem Dialog bereet ze stellen. Dësen “Doudegen Dag” zu Lëtzebuerg soll déi lëtzebuergesch Regierung dozou bréngen, hiert rezent “anti-Covid19”-Gesetz zeréck ze zéien – doduerch géinge soss nach méi Mënsche gezwonge gi sech impfen ze loossen, aus Angscht hir Aarbechtsplaz ze verléieren a sozial isoléiert ze ginn. BLEIFT DOHEEM de 17. Januar 2022 (***): • Fir dass tëschent Geimpften an Net-Geimpften nees Eenegkeet kann entstoen, déi amgaang ass duerch déi aktuell Gesondheetspolitik mat der 2G-Reegelung (geimpft oder geheelt) an der 3G-Reegelung (all 24 Stonnen en Test bezuelen fir d’Aarbecht), nach weider zerstéiert ze ginn. • Fir dass mer all zesummen ons Kanner schütze kennen. Et gëtt keen objektive Grond, Kanner ze impfen; • Fir der Demokratie an der Verfassung, déi duerch d‘Decisioune vun der Regierung mat totalitärer Tendenz a Gefor bruecht gi sinn, nees e Sënn ze ginn. Mir stinn op, fir onst Recht op eng fräiwëlleg Zoustëmmung a fir ons Grondrechter zu Lëtzebuerg ze verdeedegen! De Kollektiv LUX-REAGIR Kontakt: lux.reagir@gmail.com (*) https://www.liguedh.be/charte-droitsfondamentauxunioneuropeenne (**) https://www.who.int/fr/news/item/12-07-2021-who-issues-new- recommendations-on-human-genome-editing-for-the-advancement-of-public- health (***) andeems Dir Är legal Dispositiounen trefft: Congé, Employeur informéieren, asw.
von tz
https://www.tageblatt.lu/headlines/chamber-stimmt-fuer-neue-massnahmen-csv-fordert-allgemeine-impfpflicht/